Juni 23, 2012

Both kinds of music (110): Mir wëlle jo Texaner sinn

Haut op "Kinneksgebuertsdag" (deen den 23. Juni gefeiert gëtt, well d'Charlotte den 23. Januar Gebuertsdag haat - don't ask - méi sënnvoll wier et jo vlaicht, d'Verfassung vun 1848 ze feieren, déi een 23. Juni gestëmmt guef) ass et un der Zäit och emol ee Blëck op "onsen" Country-Sänger, de Buffalo C. Wayne, ze werfen, och wa mir domadder streng gesinn, d'Chronologie e bësschen verloossen. Allerdengs brengen ech de Buffalo awer mat den Nonnzeger a Verbindung, waarscheinlech well ech hien do live in Concert erliewt hun - beim Meesebuerger Schlass, si je ne me trompe.

De Buffalo C. Wayne war schons mat 15 Joer an der Rock-Band The Pink Five aktiv an huet op Thé-dansants a Baler gespillt. 1979 huet hien den Country-Sänger (a spéidere Schauspiller a Mann vum Julia Roberts) Lyle Lovett begéint, eng Frëndschaft déi bis haut undauert. Drai Joër méi spéit huet de Buffalo d'Buffalo Wayne Band gegrënnt, spéider huet hien mat The Rogues gespillt, bei deenen eng ganz Rei bekannt Session-Musiker vun Nashville matgemach hun. De Buffalo C. Wayne ass Member vun der Country Music Academy an der Nashville Songwriters Association.

Hei drai Titelen:
Her Daddy's got a gun

Geronimo

Hooked on a redneck girl

Keine Kommentare: